De Fox an d’Fonsi retten de Bësch (English subtitles)

En Animatiounsfilm vum Fabie Hulsebos

Wäit uewen am Éislek taucht op eemol en neit Déier op. E Biber. An dee mécht, wat Biberen nu mol maachen. E baut en Damm. Wat soen ech? E RISEGEN Damm. An op eemol ass dee ganze Bësch iwwerschwemmt. Mee… do wunnen dach de Fox an d’Fonsi. An hir Nopesch d’Eileen, de Kail, De Pinguin Bingo an den den Zang, de Sven an d’Melusina. Oh nee. Hir gemittlech Hiel steet scho ganz ënner Waasser. An elo ass och nach d’Eileen verschwonnen. De Fox an d’Fonsi maachen sech op d’Sich nom Eileen. Soll dee Biber a seng 2 (Pi)raten eppes mat där Katastroph ze dinn hunn?

Dauer: 72’,
Sprooch: Lëtzebuergesch
Produktioun: Doghouse Films, Submarine, Walking the Dog