Den Angelo am Wonnerbësch
En Animatiounsfilm vum Vincent Paronnaud & Alexis Ducord
Den zéng Joer alen Angelo dreemt dovunner, Abenteurer an Entdecker ze ginn.
Bis deen Dag, wou e mat senger Famill mam Auto bei seng léif, schwéierkrank Bomi fiert an e stënterlech virun d'Erausfuerderung gestallt gëtt, säi Courage ënner Beweis ze stellen: Wéi en aus Versinn op enger Raschtplaz op der Autobunn zeréckgelooss gëtt, beschléisst den Angelo, queesch duerch de Bësch ze goen, fir bis bei senger Bomi hiert Haus ze kommen.
E begëtt sech op e geheimnisvollt Gebitt, bewunnt vu mysteriéise Wiesen, déi vun engem Feind bedrot ginn, deen nach méi uerg ewéi de Mënschefrësser aus der Géigend ass …
Produktioun: ZEILT productions
Dauer 81’
Sprooch: Lëtzebuergesch
