Chrëschtconcert aus der Philharmonie

Kuckt den traditionelle Chrëschtconcert vum OPL bis de 5. Januar am Replay op RTL Play

Wat wär d’Chrëschtzäit ouni Chrëschtmusek? An déi Musek muss een net just am klenge Krees lauschteren, mee kann een direkt mat dem Public grousse Sall an der Philharmonie deelen. Wéi all Joers wäerten hei d‘Luxembourg Philharmonic zesumme mat professionelle Chéier an dem Public déi schéinste Chrëschtlidder spillen a sangen. Op Hellegowend diffuséiere mir dësen aussergewéinleche Concert op RTL Télé. Mat derbäi sinn: Luxembourg Philharmonic, Chœur de Chambre du Conservatoire de la Ville de Luxembourg, Pueri Cantores du Conservatoire de la Ville de Luxembourg, Ivan Boumans, Pierre Nimax a vill anerer.