Expo-Sciences 2022: e Science-Meeting fir Jonk an Al

D'Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg hat de Samschdeg 8. an e Sonndeg 9. Oktober 2022 déi 12. Editioun vun der Expo-Sciences Luxembourg organiséiert.

Déi offiziell Ofschlosszeremonie war e Sonndeg, den 9. Oktober. Dir gesitt d'Interventioune vum Minister fir Héichschoul a Fuerschung, Erzéiung, Kandheet a Jugend, dem Här Claude Meisch, eng Ried vum Fonds National de la Recherche, an e Keynote vun der Dr. Michal Sahaf, wëssenschaftlech Directrice op der Hebräescher Universitéit vu Jerusalem. Déi kënschtleresch Leeschtunge vum Edsun wäerten dës Messagen ënnersträichen.