1:1 tëscht Déifferdeng an der Jeunesse

15/03/2026

Déifferdeng huet géint d’Jeunesse d’Kontroll vum Match iwwerholl a konnt sech an der Ufanksphas e puer Chancen erausspillen.

No 36 Minutten war et dunn ee Corner, deen de Mfoumou zum 1:0 an de Filet gekäppt huet. D’Äntwert vun der Jeunesse huet awer net laang op sech waarde gelooss an de Jonathans konnt an der 42. Spillminutt eng Flank zum 1:1 verwäerten. Nom Säitewiessel hat den Abreu eng gutt Chance op den 2:1, déi de Sommer am Escher Gol awer paréiert huet. An der Suite hate béid Ekippen net méi allze vill Occasiounen, éier den Déifferdenger Costa eng Véierelsstonn viru Schluss no engem Foul vum Terrain gestallt gouf. Doduerch ass déi grouss Schlussoffensiv vum Tabelleleader ausbliwwen, deen domat net iwwert en 1:1 erauskënnt.