Episod 1 - 31. Mäerz 2024
An der éischter Episod sti mir mam Lea a Louis Linster an der Kichen, gesi wéi d'Ausbildung an der Restauratioun ofleeft a léieren eng Geméisgäertnerin kennen.
D'Rezept vum Anne's Kitchen sengem Carrot Cake:
Preparatioun: 30 Min. – Schäffchen: 30 Min. – Frigo: 1 ½ Stonn
Fir 1 Kuch vun 20cm:
200g Wuerzelen
50g déck Nëss
75g Ananas (frësch oder aus der Bécks)
2 Eeër
200g brongen Zocker
150ml Sonneblummenueleg
200g Miel
40g Kokosraspel
1 Iessläffel Kanéil
1 Kaffisläffel Bakpolver
½ Kaffisläffel Salz
Fir d’Glasur:
90g Botter, Zëmmertemperatur
150g Pudderzocker
235g "Cream Cheese" (Philadelphia)
Fir d’Deko:
3 Wuerzele mat Gréngs
De Schäffchen op 160°C Umluft erhëtzen.
Zwou ronn Kucheforme vun 20 cm mat Bakpabeier ausleeën.
D’Wuerzele wäschen a rappen. D’Nëss an den Ananas hacken.
An enger grousser Schossel d’Eeër mam brongen Zocker vermëschen, da lues a lues den Ueleg derbäischëdden a wärend deem weider mixen.
An enger zweeter Schossel d’Miel mat de Kokosraspel, dem Kanéil, Bakpolver a Salz vermëschen. Bei d’Eeërmëschung ginn a vermëschen. Zum Schluss d’Wuerzelen, Nëss an Ananas drënnerhiewen a vermëschen.
Den Deeg op déi zwou Forme verdeelen an am virgeheitzten Schäffchen 30 Minutte baken, aus der Form huelen an op enger Hiertchen ofkille loossen.
Wärend där Zäit d’Glasur preparéieren: an enger Schossel de mëlle Botter mam Pudderzocker zu enger gladder Mass vermëschen. De "Cream Cheese" drënner mëschen an eng hallef Stonn an de Frigo stellen.
Wann d’Muffins bis gebak sinn, se op e Grill stellen a komplett ofkille loossen.
Wa de Kuch bis ofgekillt ass, d’Glasur op déi éischt Scheif sträichen. Deen zweete Kuch dropleeën an de Rescht Glasur driwwersträichen. D’Gréngs vun den dräi Wuerzelen zurechtschneiden an d’Wuerzelen e bëssi mi kuerz stutzen. Jeeweils en Zahnstocher ënnen an d’Wuerzele stiechen an d’Wuerzelen an de Kuch picken. Mat Wuerzelgréngs dekoréieren.
De Kuch 1 Stonn virum zerwéieren an de Frigo stellen.