Episod 3 - 02. Juni 2024

02/06/2024

An dëser Episod treffe mer eng Wënzerin, kache mat Wäin, sinn an der École du Gôut, erliewe biologesch-dynamesch Landwirtschaft an testen Wäin ouni Alkohol.

D’Rezept vum Anne’s Kitchen sengem Pâté Lorrain

Mécht 4 kleng Patéen – Preparatioun: 45 Min. – Iwwer Nuecht marinéieren – Schäffchen: 35 Min.

100g Kallefsschnitzel
400g gemëschte Kallefs- a Schwéngs Gehacktes
1 Schallott
1 Knuewelekszéif, zerdréckt
1 Téiläffel Thym
4 Iessläffel Péiterséileg
Eng gutt Pouz Muskat
1 Téiläffel Salz
80ml Wäisswäin
2 Eeër
Peffer

Fir de Bliederdeeg:
250g Botter, kal
250g Miel
1 Téiläffel Salz
150g Cream Cheese

D’Fëllung en Dag am Viraus preparéieren: D’Kalleffleesch a kleng Würfel schneiden a mat de Gehacktes an eng Schossel ginn. D’Schallott schielen a reng hacken a mam zerdréckte Knuewelek, Thym, Péiterséileg, Muskat, Salz, Peffer a Wäin an d’Schossel ginn. Mat den Hänn gutt vermëschen, da mat Plastik bedecken an iwwer Nuecht an de Frigo stellen.

Fir de Bliederdeeg de Botter a Cubë schneiden a mam Miel a Salz an e Mixer ginn, mixe bis et wéi Grimmelen ausgesäit. Dann de Cream Cheese dobäi ginn an nach eng Kéier mixe bis en Deeg entsteet. Den Deeg zu 2 Scheiwe formen an a Plastik awéckelen a mindestens 2 Stonnen an de Frigo stellen.

De Schäffchen op 220°C Umluft erhëtzen.

D’marinéiert Fleesch aus dem Frigo huelen a mat engem Ee vermëschen.

Eng Scheif Deeg ausrullen an a 4 Quadrater schneiden. Op e Bakblech leen an op all Quadrat eng Strull Deeg leen. Den Deeg ronderëm opklappen, sou dass en d’Fleesch ëmaarmt. Dat zweet Ee opschloen an den Deeg domat besträichen, fir dass en hält.

Den zweeten Deeg ausrullen an a 4 Quadrater schneiden. An der Mëtt vun all Quadrat e ronnt Lach ausstiechen an e schéint Muster aritzen. Dann op d’Fleesch leen an den Deeg deen iwwersteet ëmschloen. Den Deeg mat Ee besträichen.

D’Pâtéen 10 Minutte baken, dann d’Temperatur op 200°C Umluft erofschalten an eng weider 25 Minutte baken. Et wäert e bëssi Flëssegkeet aus de Lächer rauskommen.

D’Pâtéen op enger Hiertche komplett ofkille loossen éier een se zerwéiert.

D’Pâtéen halen sech 3 Deeg am Frigo.