Episod 10 - 18. Mee 2025
18/05/2025
Produzenten a Gastronomen déi sech fir saisonal a Nischeprodukter interesséiere stinn an dëser Episod am Fokus.
Mir huelen iech mat op d'Felder vum Jean-Claude Muller, den ongeféier 20 verschidde Geméis- an Uebstzorten ubaut.
Mir weisen iech wat et bedeit sech als Produzent an eng Marktlücke ranzuwoen an en Nischeprodukt ze vermaarten. Den Daniel Rossler produzéiert Bio Champignonen an de Serge Keiser vermaart Frëschfleesch a Fleeschproduite vun Highlänner.
Mir treffen de Kach Kim de Dood an der Kiche vum neie Restaurant le Lys, wou hien d’Liewensmëttel aus der Heemescht nei entdeckt.
A mir huelen iech mat an de Pop-up SOIF Bistrot um Krautmaart wou een fir eng kuerz Zäit 100 verschidde Wäiner an Tapas probéiere kann.