Episod 12 – 07. Juli 2025

06/07/2025

Dës Episod dréint sech ëm Liewensmëttel aus dem Gaart, wëll Kraider a Planze vun hei, d’Initiative 2000m2 an zwee Lëtzebuerger Barkeeper.

Mir gi méi iwwert der Joy Horsmans hir Passioun fir Gaardenaarbecht an hiren Instagram Account gewuer, wou se iwwer 72'000 Follower huet.
Mir ginn zesumme mat der Wëllplanzenpädagogin Manon Bissen op d’Sich no wëlle Kraider a Planzen a kréien Tipps wéi een se an der Kiche kann asetzen.
Mir léieren zwee Lëtzebuerger Barkeeper kennen, den Tom Herber a Raphael Betti, déi eis vun hirer Passioun fir de Beruff zielen.
Mir huelen iech mat op e besonnescht Feld mat engem edukative Message, bei d’Initiativ 2000m2 déi een op der Kockelscheier an um Site vun der LUGA an der Péitruss fënnt.