iTunesSpotifyRSSApple Share
HitStory
Bal all Song, deen um Radio leeft, zielt net nëmmen, mä huet och eng Geschicht. Hannergrënn, Momentopnamen, Kuriositéiten, Zoufäll: Lauschtert d'Klassiker mol mat aneren Oueren!
Play

Play episode

HitStory - MAMBO NO. 5
Bal all Song, deen um Radio leeft, zielt net nëmmen, mä huet och eng Geschicht. Hannergrënn, Momentopnamen, Kuriositéiten, Zoufäll: Lauschtert d'Klassiker mol mat aneren Oueren!
Play

HitStory - MAMBO NO. 5

München, Kalifornien a Kuba. De Papp huet sengem Fils um Stierfbett de Welthit virausgesot. 
Play

HitStory - DOWN UNDER

Eng Flütt, e Kannerlidd an e Vull fir d'Kaz. Men at Work hu viru 40 Joer déi heemlech australesch Nationalhymn erausbruecht.
Play

HitStory - ENJOY THE SILENCE

Vun enger Harmonium-Versioun bis bei de Visittekaart-Song: Depeche Mode brauchen net vill Wierder ze verléieren.
Play

HitStory - ONE NIGHT IN BANGKOK

E Russ an en Amerikaner um schwaarz-wäisse Schachbriet, zwee Schwede mat musikaleschen Andréck aus enger faarweger Metropol an en Englänner, dee just geschwat huet.
Play

HitStory - IN THE YEAR 2525

2 jonk Männer aus dem Nebraska déi an engem klengen Tounstudio am Texas mat engem pessimistesche Bléck an d'Zukunft Millioune Placke verkafe hunn.
Play

HitStory - SONDERZUG NACH PANKOW

Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen.
Play

HitStory - KIDS IN AMERICA

Brudder a Schwëster - dat geet net ëmmer riicht aus an der Famill. An deem heite Fall war et déi perfekt Relatioun, wuel och well de Brudder alles anescht ewéi egoistesch war.
Play

HitStory - DREADLOCK HOLIDAY

Vakanz op Barbados, eng sëlwer Ketten an en décke Flapp an der Box. Um Enn awer dee leschte groussen Hit fir 10CC.
Play

HitStory - LADY IN BLACK

2 Akkorden, e Refrain ouni Text an e Leadsänger dee keng Loscht hat. Eng Ballade, déi eréischt no e puer Joer déi verdéngten Unerkennung krut.
Play

HitStory - SENZA UNA DONNA

De Soundtrack vun enger Scheedung an den Optakt vun enger laanger Karriär. Den Zucchero wollt mol eng Zäitchen ouni Fra sinn.
Play

HitStory - LOVE NEVER FELT SO GOOD

D'Geschicht vun engem Hit deen iwwer 30 Joer gebraucht huet bis en un d'Rulle koum. Eng Rees vum Paul Anka bis bei den Justin Timberlake.
Play

HitStory - SEASONS IN THE SUN

Net nëmmen den Terry Jacks, och de Kingston Trio, d'Fortunes an d'Beach Boys hu sech un dem Jacques Brel säi Chanson erugewot.
Play

HitStory - MY SHARONA

Léift op den éischte Bléck, e musikalesche "clin d'oeil" a Richtung 60ties an eng Véierelstonn Konzentratioun. "The Knack" verdanken hire Welthit enger jonker Studentin an engem Kleederbuttek.
Play

HitStory - LOLA

Zwee Frënn an eng Nuecht mat vill Alkohol an haarder Musek. A moies fréi kann ee sech dann un net méi vill erënneren. De Ray Davis hat awer gutt opgepasst.
Play

HitStory - MOONLIGHT SHADOW

E Film iwwert den Zauberkënschtler Houdini, de Mord um John Lennon an e Multiinstrumentalist deen net am Mëttelpunkt stoen. An eng schottesch Sängerin huet deem Ganzen d'Kroun opgesat.
Play

HitStory - WOMAN

Aus dem Meedchen ass eng Fra ginn. Dem John Lennon säin Hommage un dat anert Geschlecht ass eng Zort Fortsetzung vun engem Beatles-Song aus de 60er.
Play

HitStory - LÀ-BAS

De Jean-Jacques Goldman war scho bal verzweiwelt. Bis ëm eng Stëmm aus der Paräisser Metro zu engem risege Succès verhollef huet. Leider mat engem trageschen Enn.
Play

HitStory - HIT THE ROAD JACK

En Autosaccident, eng Affär a mol keng zwou Minutte laang. D'Geschicht vun engem vum Ray Charles senge gréissten Erfolleger.
Play

HitStory - ROLL OVER BEETHOVEN

Well dem Chuck Berry seng Schwëster doheem de Piano permanent blockéiert huet, huet de Ludwig van Beethoven musse réckelen.
Play

HitStory - SLEEPING SATELLITE

Lidder iwwert eise Mound ginn et der vill. Der Tasmin Archer hire Song bréngt allerdéngs e philosopheschen Touch mat an d'Spill.
Play

HitStory - SOMEBODY'S WATCHING ME

De Fils vun engem berüümte Papp ze sinn ass net ëmmer vu Virdeel. De Kennedy William Gordy alias "Rockwell" hat awer d'Chance och nach e prominente Schoulfrënd ze hunn.
Play

HitStory - WONDERFUL TONIGHT

Wann eng Fra sech owes fir eng Sortie schéi mécht kann dat daueren. Den Eric Clapton huet déi Zäit nawell kreativ genotzt.
Play

HitStory - MIDNIGHT LADY

Schimanski, Smokie a Bohlen - gutt gerëselt an zum idealen Zäitpunkt zerwéiert. D'Geschicht vum Chris Norman sengem grousse Solo-Succès.
Play

HitStory - MULL OF KINTYRE

Fir de Paul McCartney vläicht déi schéinste Plaz vun der Welt. Et war op alle seng éischt Nummer 1 op der Insel no senger Zäit mat de Fab Four
Play

HitStory - LOVE ME TENDER

En Zaldote-Lidd aus dem 19. Joerhonnert an deen éischte Film mam Elvis Presley.
Play

HitStory - HAPPY BIRTHDAY

Bestëmmt hunn der dat Lidd och schonn mol fir Iech gesongen. Mä dem Stevie Wonder säi Gebuertsdagsständchen huet an éischter Linn e politeschen Hannergrond.
Play

HitStory - SAILING

Zwee schottesche Bridder an engem Produzent, dee scho moies un der Dier geschellt huet, verdankt de Rod Stewart seng erfollegräichst Ballade.
Play

HitStory - BEDS ARE BURNING

Pintupi, Politik, Protest, Pop. "Midnight Oil" wollte mat hirem Song d'Welt waakreg rëselen - et ass hinne gegléckt.
Play

HitStory - BLUE (DA BA DEE)

An den 80er huet den Italo Disco fir voll Danzpiste gesuergt. An den 90er gouf et eng Zort Revival an Eiffel 65 hat dorunner groussen Undeel
Play

HitStory - AM FENSTER

DDR-Kult aus de 70er, en Hit awer och bei eis an a Griicheland. Eng Gei an eng Schrëftstellerin hu "City" onstierflech gemaach
Play

HitStory - TIME AFTER TIME

En onzefriddene Produzent an e futtisse Wecker ware Schold um Cyndi Lauper sengem éischter Nummer 1-Hit an de States.
Play

HitStory - YOU'RE SO VAIN

Et goufen nawell genuch Männer am Liewe vun der New Yorkerin Carly Simon. Awer nëmmen een huet et an hire gréissten Hit gepackt. 
Play

HitStory - YOU'RE THE VOICE

Den John Farnham war "down under" scho laang bekannt ier em 1986 mat engem Protest-Song de weltwäiten Duerchbroch sollt glécken.
Play

HitStory - TAKE IT EASY

Et war deen 1. Hit fir d'Eagles, mä wann den Jackson Browne sengerzäit selwer eens gi wär, wier et wuel net dozou komm.
Play

HitStory - THE POWER

Sequencer, Sample, Plagiat, Power. Aus enger Spillerei gouf um Enn en Hit, deen den Zäitalter vum "Eurodance" an den 90er agelaut huet.
Play

HitStory - ROCKIN' ALL OVER THE WORLD

Bei Numm "Status Quo" denkt een direkt un 1 Rock-Klassiker. Allerdéngs ass deen net op hirer Mëscht gewuess. A wann eng aner Band sech net getrennt hätt, wier villes anescht gelaf.
Play

HitStory - WHERE DO YOU GO TO (MY LOVELY)?

Nei-Delhi, London, Kopenhagen, Juan-les-Pins ... Statioune vum Peter Sarstedt sengem Lidd iwwert eng fiktiv jonk Fra, déi an d'Welt vun de Räichen a Schéine gepackt huet.
Play

HitStory - I KISSED A GIRL

Déi vum Macy Gray oder déi vum Scarlett Johansson - wéi eng Geschicht ass dann elo déi richteg? Tatsaach ass, datt d'Katy Perry deemools e weltwäiten Nummer 1-Hit hat.
Play

HitStory - TWIST IN MY SOBRIETY

Heiansdo soll een net ze vill no engem déiwe Sënn siche goen. D'Tanita Tikaram wollt och ni Sängerin ginn. Mä et koum anescht.
Play

HitStory - LESSONS IN LOVE

Heiansdo muss een e bëssche Waasser a säi Wäi schëdden. Zum Gléck waren d'Museker vu Level 42 Mëtt den 80er keng Tockskäpp.
Play

HitStory - REALITY

De Richard Sanderson hätt u sech 3 mol missten zouschloen. Eemol war e verhënnert, déi zweete Kéier wollten d'Produzenten net. A säi groussen Hit huet en u sech och nach enger Ofso ze verdanken.
Play

HitStory - BELIEVE

Mat Auto-Tune erschaaft een de perfekte Gesang, d'Cher hätt dat awer net néideg gehat. An awer war d'Technik zum gudden Deel mat Schold un engem Welt-Hit.
Play

HitStory - DAS MODEL

Eng onerreechbar Léift, eng englesch B-Säit, e coole Garçon an déi Nei Däitsch Well. Etappen an der Geschicht vum gréisste Kraftwerk-Hit.
Play

HitStory - ALL SUMMER LONG

Am Summer 2008 huet de Kid Rock eis mat zeréck an d'70er geholl. U sech soll dat awer schonn am Hierscht 2007 passéieren.
Play

HitStory - DON'T LET ME BE MISUNDERSTOOD

Wéi aus engem Blues- en Disco-Klassiker gouf oder: Wéi e Studiomuseker a Saxophonist quasi iwwer Nuecht all Mënsch un d'Danze krut.
Play

HitStory - HOLD ON

Kanner vu berüümten Elteren hunn et net ëmmer einfach. An deem heite Fall war et awer weder eng Brems nach e Virdeel. Wilson Phillips hunn hire Wee ganz eleng gemaach.
Play

HitStory - SMOKE ON THE WATER

Damp iwwert dem Waasser - wat de 4. Dezember 1971 zum Gléck net an enger Katastroph ausgeaart ass huet Deep Purple zu hirem Kulthit verhollef.
Play

HitStory - CHILDREN

Lidder iwwer Kanner ginn et der eng en ettlech. De Robert Miles hat op alle Fall keng grouss Wierder néideg fir seng Geschicht z'erzielen.
Play

HitStory - NO WOMAN, NO CRY

E Reggae-Klassiker deen eréischt an enger Live-Versioun Kult ginn ass. An deem seng Ausso eng aner Bedeitung huet ewéi dacks ugeholl.
Play

HitStory - BETTE DAVIS EYES

Eng Stëmm, déi engem d'Héngerhaut andreift an Aen, déi d'Männer ëm hire Verstand bréngen. D'Kim Carnes an d'Bette Davis hu mat hiren Talenter Geschicht geschriwwen.