Episod 2 - Mat Low Budget zum Dramhaus
Fir eng Koppel vu Berbuerg huet sech en Dram erfëllt
Op grad emol 97m2 Wunnraum kënnt alles ënner: Abauschief, Raumdeeler an e Gäschtezëmmer um Späicher notzen d'Plaz, déi zur Verfügung steet, optimal aus.
De relativ gerénge Budget huet der Kreativitéit keng Grenze gesat: Dezent awer schick Detailer, Open Space an eng héich Glasfront suerge fir Style a Wuelbefannen. Jidderee freet sech iwwert d'Resultat, och de Familljenhond Lennox genéisst déi 4 nei Wänn an de Gaart.
