Home(s) - Episod 3

Vun engem typesche 70er-Joren-Bauwierk zu engem Dramhaus mat Bléck op de Museldall

Nëmme 5 Minutten hat et gedauert, bis den Architekt den éischten Entworf vum Haus entwéckelt hat. "Hien huet sech an eis al Kiche gesat, war ganz roueg an du wosst hien, wéi d'Haus misst ausgesinn", sou den houfrege Proprietär. Déi vill Joren am Metier, dorënner och de Bau vun der Schwämm "Les Thermes" zu Stroossen, hu sécherlech eppes domadder ze dinn. D'Resultat: Geschwonge Fassaden a meterhéich Glasfënsteren, déi sech douce an d'Hiwellandschaft rondrëm Schengen afügen.