Episod 4 - An dësem Haus zu Kanech funktionéiert alles automatesch!
Vun der Luucht iwwer d'Heizung, Lëftung oder och Dieren opmaachen, alles léisst sech zentral steieren a villes dovunner gouf an Eegeregie vum Proprietär ëmgesat
Och d'Form ass apaart well d'Haus gouf dem existenten Terrain perfekt ugepasst. Déi verschidden Achsen dauchen ëmmer nees op, sief et bei der Form vun der Kichen oder de baussenzege Maueren.
