Home(s) 3 mat Ënnertitelen: Eefamilljenhaus am Neiduerf

Éier datt et ofgerappt gëtt, gëtt en Eefamilljenhaus am Neiduerf zu enger stylescher Co-Living-Plaz.

Déi ugespaant Logementssituatioun zu Lëtzebuerg erfuerdert nei kreativ Wunnkonzepter: 
„Fir eis ass et wichteg, léiwer de Leit eng Wunnméiglechkeet ze bidden, wéi een Haus eidel stoen ze loossen“, seet ee vun de Grënner vun engem neie Co-Living Start-Up a sou gouf eng Eefamilljevilla komplett ëmgestalt. Entstanen ass eng Wunneenheet fir 6 Persoune mat engem Stilmix aus Zen, Jungle a Bohème. D’Louise, eng vun de Matbewunnerinnen, erkläert, wat him besonnesch gefält: „Mir kommen oft aus ënnerschiddleche Länner a jiddereen huet seng eege Geschicht a Visioun a beim Co-Living gëtt déi da mat anere gedeelt, et kann ee vill vunenee léieren.“