Henri Tudor

Mat sengem perfektionéierte Bläi-Akkumulator huet den Henri Tudor zu de Pionéier vu senger Zäit am Beräich vun der elektrescher Energiespäicherung gezielt.

Mat senger Erfindung huet hien d’elektresch Stroossebeliichtung duerch ganz Europa méiglech gemaach – a sech „niewebäi“ nach der Moderniséierung vun der Landwirtschaft an de Beförderungsmëttel gewidmet. Säin Akkumulator huet eng entscheedend Roll gespillt a weider Impulser zur Entwécklung vun der haiteger Technologie ginn.