Episod 45 -Perséinlech Assistenz a firwat se wichteg ass

Episod 45 -Perséinlech Assistenz a firwat se wichteg ass
Play

Eent vun de wichtegsten Instrumenter fir Selbstbestëmmung aus der UNO-Konventioun iwwer d'Rechter vu Persoune mat enger Behënnerung

Sie erlaabt Leit mat enger Behënnerung Verantwortung fir hiert Liewen ze huelen. Esou Méiglechkeete ginn et schonn an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg deet sech offiziell schwéier, mä huet zanter méi ewéi 10 Joer e Modell vun der ASBL "Wäertvollt Liewen" toleréiert.

Mam Jean-Marc Scheer vun därr ASBL kläre mir firwat Lëtzebuerg mat dem Thema kämpft, wéi d'Associatioun hire Patienten d'Méiglechkeet schaaft fir e wäertvollt Liewen ze garantéieren, a wéi et hei am Land ëmgesat ka ginn.

De Sascha Lang schwätzt och mam Elena Merslikin vun der Däitscher ASBL "ASL" vun Berlin doriwwer wat d'Budgetshëllef mécht, a wat d'Selbstbestëmmung duerch Perséinlech Assistenz fir déi Betraffen geännert huet.

iTunesSpotify