Episod 54 - Rehab zu Karlsruhe

Therapie, Rehabilitatioun an Inclusioun op enger Plaz
D'REHAB zielt zu deene gréissten Foire fir de Beräich Inclusioun a Rehabilitatioun an Däitschland. Vum 15. bis de 17. Juni ass déi Foire fir déi 22. Kéier. Mam Annika Gehrmeyer (Projektleiterin) a mam Volker Neumann (Editeur vum Ratgeber MOBITIPP) schwätze mir iwwert dës Editioun.