Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater

Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater
Play

Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur.

Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëmgesat. Déi éischt lëtzebuergesch Audiodeskriptioun gouf vun de Volontairen Antonia Bruch an Daniel Sousa realiséiert.