Episod 97 - De Schattenbericht

Episod 97 - De Schattenbericht
Play

Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg

All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat vill Froen stellt, gëtt et och d’Méiglechkeet vun engem sougenannten Schattenbericht.
Hei kënnen Vereenegungen an Initiativen eng alternativ Analys vun der Situatioun am Land virstellen. De Schattenbericht aus Lëtzebuerg, ausgeschafft vun Info-Handicap an sengen Memberen, läit elo vir.
Am IGEL Podcast schwätzt de Sascha Lang mam Christine Zimmer, Nadine Medinger an Shirley Feider iwwer dëse Bericht a kuckt dobäi, wat doraus ervirgeet.