Episod 100 - D‘asbl Crunchbox stellt sech vir

De Projet Hasilux, beschäftegt sech mat Autismus an Inclusioun
Am Mëttelpunkt steet eng Plattform, déi Informatiounen, Erfarungen an konkret Hëllef fir Betraffener an hiert Ëmfeld zesummebréngt.
D’Gespréich beliicht besonnesch d’Wichtegkeet vun der Sensibiliséierung fir onsiichtbar Behënnerungen an inklusiv Bildung. Dobäi ginn et inspiréierend Ablécker an e Projet, deen Inclusioun praktesch, verständlech an zougänglech mécht.
Am Interview sinn: D'Carla Carvalho, d’Joanne Theisen an de Gérard Kieffer
