Episod 104 - Den Actiounsplang zur Digitaler Inclusioun

Episod 104 - Den Actiounsplang zur Digitaler Inclusioun
Play

Ee Plang net just fir Leit mat Behënnerung!

An dësem Episod geet et mam Ben Max vum Digitaliséierungsministère ëm den nationale Plang fir digital Inclusioun zu Lëtzebuerg. Als zweeten Aktiounsplang vum Digitaliséierungsministère soll hien dofir suergen, datt d'Digitaliséierung jiddwerengem zougänglech bleift, an datt keen op der Streck bleift. Mir diskutéieren iwwer d'Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun, d'Fërderung vun digitale Kompetenzen an d'Wichtegkeet, och net-digital Alternativen ze erhalen, fir datt jiddweree kann um gesellschaftleche Liewen deelhuelen.