Episod 106 - Fräiheet fänkt mat Vertrauen un

Dësen Episod ass e ganz perséinlechen Hommage vum Sascha Lang u seng Mamm, säin Häerzensmënsch
Marie-Josée Schuler, Mariejo, d’Mimm oder d’Jéiss wéi si ëmmer genannt gouf. Si erzielt vun engem Liewen voller Kraaft, Léift a Courage, dat de Sascha Lang bis haut inspiréiert. Gläichzäiteg ass et e Plädoyer dofir, Mënsche mat Behënnerung net ze beschützen, mä hinnen ze vertrauen an si ze stäerken.
En Episod iwwer Erënnerung, Empowerment an d'Iwwerzeegung, datt richteg Ënnerstëtzung Fräiheet méiglech mécht.
