Episod 108 - LPC: Sport, Participatioun an nei Perspektiven

Episod 108 - LPC: Sport, Participatioun an nei Perspektiven
Play

E Gespréich mam Serge Schaul, dem neie President vum Luxembourg Paralympic Committee, a mam Ruben Goncalves, dem administrativen Direkter

Et geet ëm déi nei Ausriichtung vum LPC, d’Professionaliséierung an d’Wichtegkeet vun der Reintegratioun duerch de Sport. Och d’Limitatioun vun den Adapto-Faarten an hir Auswierkungen op d’Ausübe vum Sport kommen zur Sprooch. Donieft stellen d’Gäscht de 6. Paralympic Day vir, deen de 24. Oktober vun 10 bis 16 Auer ass.