Episod 110 - Kultur fir jiddereen: Méi ewéi just eng Ramp

Spontan an de Concert, de Musée oder den Theater: Fir Mënsche mat Behënnerung ass dat nach laang keng Selbstverständlechkeet
An dësem Episod schwätzt de Sascha Lang mam Nadine Erpelding vum Kulturministère iwwer den Aktiounsplang „Accès à la culture“, a wat sech konkret verbessere soll. Et geet ëm verständlech Informatiounen, Audiodeskriptioun, Gebäerdesprooch, Assistenz a Begleetpersounen. Och d’Matbestëmmung vu Mënsche mat Behënnerung an d’Ënnerstëtzung vu Kënschtler mat Behënnerung stinn am Fokus. Well Kultur ass e Recht – a jidderee soll kënnen dobäi sinn, matmaachen a matgestalten!
