INSIDE – D'Liewen an de grousse Bürosgebaier - Episod 2
Am Gebai vu Ferrero fënnt en Deel vum Aarbechtsliewen a Restauranten a Caféë ronderëm d'„Piazza “ statt.
En Hauch vun Italien niewent dem Flughafen a vläicht déi schmocksten Employéen am Land: Am Gebai vu Ferrero fënnt en Deel vum Aarbechtsliewen a Restauranten a Caféë ronderëm d' „Piazza “ statt. D'Gebai bitt ausserdeem ergonomesch Aarbechtsplazen, Fitnesssäll an e Coiffeurssalon. Déi vill Trapen encouragéiere Beweegung - wat gutt ass am Fall wou een de sëllege Schockelasproduiten, déi een iwwerall kritt, net widderstoe konnt.
