INSIDE – D'Liewen an de grousse Bürosgebaier - Episod 4
Microsoft bréngt en Hauch vu „Silicon Seattle“ an de Gronn.
D'Büroe vun der Entreprise stinn am Aklang mat der „Tech Guru“ Kultur an hei kënne souwuel wichteg Geschäftsdecisiounen ewéi och kreative Brainstorming scho mol am gemittlechen Hängematteneck stattfannen. D'Aarbechtsliewen entfaalt sech an hire „smart“ Büroen, wou Dosende vu Sensoren Informatiounen iwwer d'Bürosëmfeld generéieren an adaptéieren. Déi „gréng Long“, eng lieweg, ootmend Moosmauer, déi sech iwwer bestëmmte Wänn zitt, garantéiert frësch Loft duerch de ganze Büro.
