Apple Share
Joresréckbléck
Déi wichteg Evenementer aus deem leschte Joer nach eemol revue passéiere loossen.
Play

Play episode

Joresréckbléck 2021: Wat um Geriicht lass war
Déi wichteg Evenementer aus deem leschte Joer nach eemol revue passéiere loossen.
Play
6m 1s

Joresréckbléck 2021: Wat um Geriicht lass war

Schëlleger, Onschëlleger, Zeien, Affekoten, Riichter. Dat ass d’Welt vun der Justiz. Wou Affekote flamend Plaidoirië fir hier Mandanten halen, dacks bis zum Schluss hier Onschold verdeedegen. Riichter, déi mat den Ugeklote - mol zynesch, mol sarkastesch, mol knallhaart sinn. An dann de Parquet, deen a sengem Requisitoire d’Faiten, eventuell aus enger ganz aner Vue nach eng Kéier op den Dësch leet. E puer mouvementéiert Prozesser aus dësem Joer am Réckbléck vum Diana Hoffmann
Play
4m 54s

Joresréckbléck 2021: Januar

Fir eise Réckbléck op de Mount Januar, musse mir eis zeréckversetzen an eng Zäit, wou Schnelltester nach ganz nei waren a bei Wäitem nach net genuch Vaccin fir jiddereen disponibel war. Maxime Gillen.
Play
5m 22s

Joresréckbléck 2021: Februar

An eiser Serie Réckblécker vum Joer komme mer elo op de Februar zeréck. Virun 11 Méint war de Vaccin nach ëmmer knapp an d’Impfcampagne nach ëmmer an hirer éischter Phas. An anere Wierder: D’Gesondheets- an d'Fleegepersonal a Residentë vun Altersstrukture waren un der Rei. Puer Personnagen hu sech iwwerdeems virgedréckt, Fränz Aulner
Play
5m 23s

Joresréckbléck 2021: Mäerz

Mir kucken elo op de Mount Mäerz vun dësem Joer zeréck. D‘Diskussioune ronderëm déi 3 privilegiéiert Personnagen, déi sech fir eng Impfung virgedréckt haten, zéie sech vum Februar nach bis an de Mäerz eran. Ee fréiere Minister gëtt och entlarvt. De President vun der CSV Frank Engel wëll seng Partei an eng sonneg Zukunft féieren. Ma seng parteiintern Feinde klapen. D‘Vollekspartei implodéiert. An d‘Regierung manövréiert sech mat vill Méi duerch déi éischt Phas vun der Impfcampagne, wou ee Vaccin scho Problemer mécht. Pierre Jans.
Play
5m 9s

Joresréckbléck 2021: Abrëll

Den Abrëll 2021 fänkt u mat Frankräich, dat an e Lockdown geet. D’Corona-Zuelen hei am Land sinn och net gutt, vill Leit – iwwer 140 - mussen an de Spideeler behandelt ginn. D’Restaurante sinn zanter méi wéi 4 Méint zou, am Private gëlle Restriktiounen an d’Impfe kënnt lues awer sécher weider. Am Abrëll gëtt an der Chamber de Récktrëtt vun der Familljeministesch Corinne Cahen gefuerdert an de Paul Helminger stierft am Alter vun 80 Joer. D’Carine Lemmer mam Réckbléck....
Play
5m 36s

Joresréckbléck 2021: Mee

Am Mee ass d'Covid-Welt zu Lëtzebuerg vergläichsweis an der Rei. D'Zeeche stinn op progressive Retour an d'Normalitéit. Och wann d'Ausgangsspär weider Bestand huet. Mam neie Covid-Gesetz dierfe Caféen a Restauranten och nees banne Leit empfänken, d'Lycéesklasse kommen Enn dës Mounts komplett zréck an de Präsenzunterrecht an d'Rockhal proposéiert e Concert fir bis zu 1.000 Leit. De Réckbléck op de Mount Mee mécht d'Claude Zeimetz.
Play
5m 26s

Joresréckbléck 2021: Juni

De Mount Juni ass gréisstendeels dee vun de gudden Noriichten. Fir d’éischte Kéier zanter dem 21. Juni 2020 gouf et den 1. Juni nees en Dag ouni confirméiert Corona-Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg. Den Tim Morizet kuckt sech a sengem Réckbléck nach eng Kéier d‘Evenementer vu viru 6 Méint un.
Play
5m 7s

Joresréckbléck 2021: Juli

D‘RTL-Redaktioun kuckt dëser Deeg op d‘Aktualitéit vum Joer 2021 zeréck. Haut ass et um Tour vum Mount Juli. Do huet en Evenement d'Aktualitéit dominéiert mat deem kee gerechent hat: d‘Joerhonnert-Héichwaasser. Pit Everling
Play
5m 3s

Joresréckbléck 2021: September

De Bataclan Prozess, d’Bundestagswalen an Däitschland, 20 Joer 9/11, d’Sécherheet op der Stater Gare an den Doud vun enger franséischer Filmikon – dëst sinn nëmmen e puer vun de Stéchwierder, déi de September vun dësem Joer markéiert hunn. D’Claudia Kollwelter kuckt an eisem Joresréckbléck zréck op den 9. Mount vum Joer:
Play
4m 45s

Joresréckbléck 2021: Oktober

Am Oktober ass vill demonstréiert ginn, en neit Covidgesetz huet ferm Kritik vun de Gewerkschaften akasséiert, an de Staatsminister Xavier Bettel huet net nëmmen d’Ried zur Lag vun der Natioun geschwongen, mee och mat senger Uni-Ofschlossaarbecht vu sech schwätze gedoen. D’Monica Camposeo kuckt op den Oktober zeréck. 
Play
7m 59s

Joresréckbléck November: Omikron a Südafrika nogewisen

E Regierungsremaniement, d'Cop 26 zu Glasgow, d'Online-Petitioun fir e Verfassungsreferendum, d'Visitt vum Ierfgroussherzog op der Weltausstellung zu Dubai, de 35. Anniversaire vum Gemengesyndikat Syvicol an d'Presidentin vum Foyer de la femme, déi no ronn 40 Joer hir Demissioun bekannt mécht. Dat alles si Sujeten, déi am November an der Aktualitéit waren - e Mount an deem Corona natierlech och net ewechzedenke war an an deem de Virus nach emol eng aner Nues krut, Dany Rasqué
Play
5m 10s

Joresréckbléck 2021: Dezember

Corona-Demonstratiounen, déi aus dem Rudder lafen, nei Rekorder bei den Infektiounszuelen an d'Debatt iwwert d'Impfflicht, déi lancéiert gëtt. D'Corona-Pandemie huet och d'Aktualitéit am Mount Dezember zejoert dominéiert. Et gouf awer och eng nei Ministesch virgestallt, Däitschland krut en neie Kanzler an Chile huet en neie President gewielt. D'Fanny Kinsch mam Réckbléck op de leschte Mount vum leschte Joer.