Wout Van Aert gewënnt am Fotofinish virum Thomas Pidcock

17/04/2021

Nodeems d'Coureuren iwwert d'Linn d'Arrivée gefuer sinn, huet et Minutten gedauert, bis ee wosst, wien um Enn gewonnen huet, eng Milimeter Entscheedung.

De Bob Jungels war 52 Kilometer virun der Arrivée an eng Chute verwéckelt a huet missen opginn. De Luc Wirtgen huet sech als 46. op ronn 2 Minutte klasséiert an den Tom Wirtgen ass den 106. op ronn 6 Minutte ginn.