Fréierkennungstest vun Daarmkriibs per Post!

16/09/2016

All Persoun tëschent 55 an 74 Joer kritt esou en Test an de nächsten zwee Joer Heem gescheckt.

Den Test ass einfach a séier ze maachen. En Tutorial wéi et geet, fënnt een op www.montest.lu.
Pro Joer stirwen eng 120 Leit un Daarmkriibs, dat soll sech duerch d'Fréierkennung änneren. An 9 vun 10 Fäll ass dës Zort Kriibs heelbar, wann se fréi erkannt gëtt.

Topics