Den C.I.C.R op der Front
23/09/2016
Dat Lëtzebuerger Rout Kräiz huet haut seng nei Campagne virgestallt, an där den C.I.C.R, den Internationalen Comité vun der Croix-Rouge, am Mëttelpunkt steet.
Den C.I.C.R ass déi eelsten Organisatioun vun der grousser Rout-Kräiz- an Rouden-Hallefmound-Beweegung, dat d’Mandat krut, als Wiechter vum Internationalen Humanitäre Recht ze agéieren. 15.000 Mataarbechter investéiere sech a ronn 80 Länner, an deenen arméiert Konflikter sinn oder an deene Krich ass.
