Den Tram 001 ass fäerdeg!

20/01/2017

Den Tram ass fäerdeg. Ob mannst emol déi éischten “Rame”, déi de moment nach an Spuenien zu Saragossa getest gëtt, bei der Firma CAF.

Et ass en Tram vun der leschter Generatioun, mat den performantesten techneschen Équipementer déi et an deem Domaine gëtt. Mat sengen 45 Meter Längt, senger Breet vun 2m65, a senger grousser Kapazitéit vun bis zu 420 Leit, ass et sécher net nëmmen een vun den modernsten Tramen aus Europa, mee och een vun den agréabelsten a komfortabelsten.

Topics