Den Tony Cragg am Mudam

23/02/2017

Den englesche Sculpteur Tony Cragg gehéiert zu den wichtegsten Kënschtler aus dem 21. Joerhonnert.

Den Tony Cragg schafft zënter 45 Joer als Sculpteur an wunnt zu Wuppertal. Eng wichteg Etape a senger Arbescht sinn d’Zeechnungen. Duerch dës Recherche vun den Formen, kann hien Fusiounen hierstellen an esou d’Méiglechkeeten austesten. Hien huet eng grouss Léift fir d’Materialien an verschafft déi op ënnerschiddlech Manéieren. Seng Skulpturen sinn awer alles aneres wei statesch. Fir den Tony Cragg ass de Mouvement eppes wat vu bannen kënnt a geet wäit iwwert déi illustrativ Bewegung an der Skulptur eraus.

D’Material ass alles. Déi grouss Diversitéit vun de Formen a Materialien ginn de Skulpturen esou eng eegen Dynamik an Energie, esou datt een se net nëmmen vu baussen gesäit, mee och d’Material vu bannen entdecken kann.
Bei dëser Expo ginn virun allem seng zwou grouss Serien „Rational Beings“ an „Early Forms“ gewisen. Den Tony Cragg war eng Woch mat sengem Team am Mudam fir ze kucken wéi een d’Wierker an de Raim mateneen kombinéieren kann. Fir de Kënschtler ass et esou ëmmer rëm spannend fir ze gesinn wéi seng Skulpturen ausserhalb vun sengem Atelier wierken.

Bis den 3. September sinn dem Tony Cragg seng Skulpturen nach am Mudam ze gesinn.

Topics