Viviane Loschetter iwwer Offallpolitik

24/02/2017

D'Stad Lëtzebuerg huet hir Offall- Tariffer geännert. Zanter dem 1. Januar ass recycléiere méi bëlleg.

Den Dréck, dee bleift fir op der Sidor verbrannt ze ginn, kascht den Awunner da liicht méi. Konkret heescht dat, dass eng normal gro Dreckskëscht d'Joer eppes méi deier gëtt, an de Präis fir d'Dreckstuten huet sech esouguer verduebelt. Doduerch wëll een bis 2020, 50% vun de Stater Offäll recycléiert hunn.

Topics