Fir de Patient kéint méi dra sinn!
28/02/2017
D'Patientevertriedung fënnt de Projet de Loi iwwer dat neit Spidolsgesetz net optimal.
Et hätt ee sech méi gewënscht, am Intressi vum Patient. An awer géif et eng ganz Rei positiv Elementer. D'Leit wiere veronnséchert wéinst dem Sträit tëschent der Ministesch an der AMMD. D'Doktere gesi sech muer an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung an decidéieren iwwer d'Reaktioun vun der Dokteschassociatioun a Saache neit Spidolsgesetz.
