XPO E an de Rotonden

28/03/2017

Wierker vun den E Sektiounen

An de Rotonden an der Staat leeft den Ament eng grouss Ausstellung vun den E Sektiounen, wou 390 Schüler an 60 Proffen aus 7 Lycéeën aus dem Land mat dobäi sinn. Eng Ronn 650 Wierker weisen hei de Prozess vun der Ufanksidee bis zum Resultat. Et ass eng Sektioun déi nach ëmmer mat vill Viruerteeler ze kämpfen huet an esou weist d’Expo och wat dës Schüler iwwert d’Joer esou geschafft hunn.

Topics