Neie Footballstadion: Soumissiounen ofgeschloss
25/04/2017
Am Mäerz dëst Joer sinn op der Cloche d'Or d'Viraarbechte fir den neie Footballstadion ugelaf...
Am September soll d‘Lach fir deen neien nationale Footballtempel dann definitiv ausgehuewe ginn. D'Soumissioune sinn ofgeschloss, de Budget gouf reajustéiert, sou datt de Projet dann elo definitiv op de Schinnen ass. Am Oktober 2019 soll dann deen 1. Match op der Cloche d'Or gespillt ginn.
