Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg
29/04/2017
D'Unhänger vum Comité "En Marche Luxembourg" wëllen déi franséisch Wieler zu Lëtzebuerg mobiliséieren.
Wien gëtt de nächste President vu Frankräich? Den europa-frëndlechen Lénksliberalen Emmanuel Macron oder awer déi rietsextrem Nationalistin Marine Le Pen? De 7. Mee fällt d'Entscheedung, an bis dohin gëtt d'Zäit genotzt fir souvill Wieler wéi méiglech ze mobiliséieren - och zu Lëtzebuerg! Ronn 24.000 franséisch potenziell Wieler ginn et hei am Land. An bei deenen wollten d'Unhänger vun dem Emmanuel Macron senger Bewegung "En Marche" haut an der Stad Stëmmen sammelen.
