Luxembourg City Cup am Skateboard
08/09/2017
Am Skatepark an der Péitruss gëtt de Weekend déi éischten Editioun vum Luxembourg City Cup am Skateboard organiséiert.
Eng 100 professionell Skater wäerten während deene zwee Deeg de Public mat spektakulären Tricker ennerhaalen. Ennert hinnen och eng 20 Lëtzebuerger.
