Wäilies leeft op Héichtouren

22/09/2017

Zënter knapp 3 Wochen ass d’Drauwelies op der Musel amgaangen. De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen huet sech de Moien e Bild op der Plaz gemaach.

Trotz de schlechte Wiederkonditiounen aus de leschte Méint wier d’Qualitéit vum Cru gutt, heescht et vum zoustännegen Minister. E groussen Defi fir d‘Wënzer ass a bleift déi international Konkurrenz um Marché.

Topics