AVR fuerdert Reaktioun vum Transportminister

23/09/2017

Nom déidlechen Accident tëscht Dippech a Gréiwelsbarrière erënnert d'Association des Victimes de la Route de François Bausch un déi ugekënnegt präventiv Mesuren

No der Installatioun vun de Radaren an de Statistike vun zejoert hätt een d'Impressioun, d'Politik wéilt ofwaarden amplaz d'Projeten ze realiséieren. Annoncéiert war zum Beispill d'Opriichte vu Leitplanke laanscht Bam-Alléeën an d'Stréck Saeul - Brouch sollt eng Spuer op där anerer Säit vun de Beem bäikréien. De Projet géif net méi ernimmt, sou d'Kritik vun der AVR.

Topics