Ausschreiwungsgesetz an CFL-Infrastrukturen
06/10/2017
An der parlamentarescher Nohaltegkeetskommissioun stoung de Moien ënnert anerem dat neit Ausschreiwungsgesetz um Ordre du Jour.
D’Handwierkerfederatioun an d’Chambre des Métiers hu Proposen un d’Regierung gemaach, well se sech Suerge wéinst dem Sozialdumping am Secteur maachen. E weideren Sujet, war den Ausbau an d’Moderniséierung vun den CFL-Infrastrukturen.
