Säi Stroum an Zukunft selwer produzéieren
19/10/2017
Knapp ee Joer ass et elo hier, datt d’Rifkin Etude, iwwert déi 3. Industriell Revolutioun, fir Lëtzebuerg presentéiert gouf.
Elo geet et drëms Iddien a Gesetzer ze géissen, esou de Kredo en Donneschdeg de Moie wéi d'Vertrieder vun Zivilgesellschaft a Regierung zesumme souzen.
Am Beräich vun der Energieversuergung ass een do scho ganz wäit. Ufank 2018 soll ee Gesetzestext virleien, deen et de Leit erméiglecht hiren eegene Stroum ze produzéieren.