Runa Khan am Stater Jongelycée
20/10/2017
D’Zil vun der Organisatioun Friendship ass et de Leit am Bangladesh ze hëllefen déi an der Aarmut liewen. Dëst mat medizineschen an edukativen Servicer.
Am Kader vum 125.ten Anniversaire vum Stater Jongelycée, war haut d’Fondatrice vun der ONG, Runa Khan, op Besuch. Dat fir d’Schüler ze sensibiliséieren an se ze motivéieren sech selwer am Benevolat z’engagéieren.