OPL verzaubert Potter-Fans
30/10/2017
"Harry Potter in Concert" zitt weltwäit Fans vun der Film-Rei un - och zu Lëtzebuerg!
An der Rockhal ass de leschte Weekend d’Harry Potter Féiwer ausgebrach. Ronn 2.500 Leit pro Owend si komm fir den éischten Deel aus der beléiften Film-Rei ze kucken. Mee et war keng normal Projektioun: parallel zum Film huet den Philharmoneschen Orchester live d’Musek dobäi gespillt!