Lëtzebuerger zu Barcelona: Petz Scholtus
23/12/2017
D’Petz Scholtus lieft als Lëtzebuerger Ökodesignerin zanter iwwer 13 Joer zu Barcelona.
Si huet mat enger Geschäftspartnerin – a mat vill Léift - en alt Gebai restauréiert a nohalteg Wunnengen dran ageriicht. Touristen a Geschäftsleit fannen an der yök – Casa y Cultura en zweet Doheem an der katalanescher Haaptstad. Déi jonk Entrepreneurin huet déi ganz Onofhängegkeetsdebatt an de Konflikt mat Madrid vu ganz no an hirem Alldag a Frëndeskreess matkritt.
