Serie 2017-2018: Marie-Paule Theisen
25/12/2017
Mat 74 Joer huet d'Marie-Paule Theisen hir Dokteraarbecht an der Psychologie ofgeschloss.
An hirer These "Gléck am Alter" huet si festgestallt, datt et méiglech ass, am Alter déi Zäit ze notzen, fir Gedold, Vertrauen a Begeeschterung ze hunn. Et soll ee sech bewosst sinn, datt een d'Gléck net iwwer d'Pëllen soll sichen, mee bannendran no der "Melodie vum Gléck" soll lauschteren. An dat kann een iwwer Medidatioun maachen, bewosst ootmen, Alldagssache wéi Kaffidrénke bewosst maachen, an net 3 aner Saache gläichzäiteg.
