Wien: Grouss Manifestatioun géint nei riets Regierung
14/01/2018
Wäit iwwer 20.000 Manifestante waren de Weekend zu Wien op de Stroossen, fir géint déi nei Regierungskoalitioun vu Riets an Extrem-Riets ze protestéieren.
Nieft der Astellung vun der Regierung a punkto Immigratioun fäerten der och vill, datt et zu Sozialofbau kënnt.