Extrait Danielle Becker-Bauer, Vizepresidentin vum Fraerot
16/11/2018
Nee zu der Gewalt géintiwwer Fraen", dat ass Zil vun der sougenannter Orange Week, déi haut vum nationale Fraerot presentéiert gouf.
67% vun de Fraen hei zu Lëtzebuerg goufen schonn eng Kéier sexuell belästegt, dat geet aus enger Ëmfro vun 2014 ervir. Ob physesch, psychesch oder sexuell Gewalt, dëst misst thematiséiert ginn. Den nationale Fraerot huet an deem Kontext eng Partie Revendicatiounen.