Extrait Xavier Bettel
23/11/2018
D'Koalitiounsverhandlungen a Richtung Nei Regierung sinn haut virugaangen.
6 Woche no de Wahle kann ee soen, datt déi 3 Parteien lues awer sécher op eng Konklusioun histeieren.
Gewaart gëtt elo nach op 2 bis 3 Rapporten aus den Aarbechtsgruppen. Leien déi bis vir, sinn d'Verhandlunge awer nach net ofgeschloss, méi kriddeleg Punkte mussen déi nächst Deeg a Wochen tëscht DP, LSAP an déi Gréng nach tranchéiert ginn. En definitiven Datum fir eng Regierungserklärung oder eng Vereedegung vun de Ministeren gëtt et nach net.
