24-Stonne-Weltrekord: Gutt Ekippenaarbecht
13/07/2020
De Ralph Diseviscourt ass vun e Samschdeg 14 Auer bis e Sonndeg 14 Auer Auer 915,39 Kilometer um Stéck gefuer.
Domadder huet de Lëtzebuerger Ultra-Cyclist de 24-Stonnen-Weltrekord zu Veianen um Oberbecken vun der SEO gebrach. Eng Super- Leeschtung, déi an de leschte Woche bis an de leschten Detail preparéiert gouf.
